Gruppen & Seminare
Entdeckt zwou fantastesch Reesen a Begéinungen
De Leo an den Oktopus
D’Geschicht vum klenge Leo, deen autistesch ass a Schwieregkeeten an der Kommunikatioun mat senge Matmënschen erlieft
Enges Daags geet de Leo an den Aquarium a kritt do d’Maya virgestallt: een Oktopus.
Bis dohi wousst de Jong wéineg iwwert dës Mieresbewunner, mee wëssbegiereg, wéi en ass, liest en, wat e fanne kann. A schlussendlech plangt e souguer ee festen Dag an der Woch fir d’Maya an – Freides ass elo Oktopusdag! D’Maya gräift dem Leo mat sengen aacht Tentakelen ënnert d’Äerm, fir sech an der Welt zurecht ze fannen an erméiglecht him eppes, wat hien ni fir méiglech gehalen hätt: den Ufank vun enger Frëndschaft.
D'Rees vum Päiperlek
E Kannerbuch erliewe mat Übungen, déi gutt dinn
D’Jona ass e Päiperlek, wëll, schéin a voller Energie! D’Jona léisst sech vum Wand droen a wa säi Mo ufänkt mat knurren… Sou fänkt d’Geschicht un an op all Säit erlieft d’Jona eppes Neies.
Mir huelen eis Zäit d’Geschicht vum Kati Bohnet kennen ze léieren a vill flott Übungen auszeprobéieren. Komm mat dengen Elteren, denger Mamm, dengem Papp, denger Giedel, dengem Bopi… mat engem Groussen, mat deem s du gär zesumme bass an d’Cité Bibliothèque!
Nieft engem schéine Moie léiers du iwwerdeems wat s du maache kanns wann et dir mol net gutt geet. Dat kënnt ëmmer mol vir. Et ass hëllefräich, wann een dee Moment weess, wéi ee reagéiere kann!
Assistante d'hygiène sociale | Master en médiation | Anti-Gewalt-Trainerin | Gestaltberaterin
Workshop:
27. Abrëll 2024
Sa. von 10:30 - 12:00 Uhr
Treffpunkt: Cité bibliothèque
Kostenbeitrag:
De gratis Workshop ass geduecht fir Kanner vu 4-8 Joer
Sprache
LUX
Leitung:
Lis Thomé
Joanne Theisen
Isabelle Marinov
Carla Carvalho
Sie erhalten eine Anmeldebestätigung per Email.